Misogynen Dresscode am Lycée Classique de Diekirch

The Issue

Wéi dir villäicht matkrut, gëtt at am LCD elo een Dress Code. 

Daat een näischt wat Gewalt oder Drogen idealiséiert undoen soll, ass natierlech novollzéibar. Et gouff awer och erwähnt daat Meedercher verschidden Kierperdeeler verdécke sollen. Engem seng Ënnerwäsch soll och net siichtbaar sinn. Et ginn awer Meedercher déi beispillsweis méi grouss Brëscht hunn an dowéinst meechtens och een méi "staarken" BH undoen mussen. Do ass et oft onvermeidlech daat een e bëssen Ofdrock vun der Ënnerwäsch gesäit. Deen Dress Code war quasi just u Meedercher geriicht, wat ongerecht ass.

Eng anstänneg Tenue an engem schouleschen Institut ass natierlech Gang and Gäbe. Leider ginn vill Saachen als vulgär betruecht, obwuel se et net sinn. Déi Iwwersexualisatioun vu Meedercher dréit ënner aanerem dozou bäi daat verschidde Leit mengen et wier OK eng Fra wéinst hirer Tenue respektlos ze behandelen.

Et gëtt näicht sexuelles un engem Bäuch oder um Ennerdrock vun enger Ënnerwäsch. Leit déi esou Saachen sexualiséiren, sollten sech d'Fro stellen, ob se net villäicht iwwerdreiwen.

Deen Dress Code suergt dofir daat vill Meedercher sech onwuel fillen, well se onsexuell Kierperdeeler verdécke mussen. Domatt ass den Dresscode kontraproduktiv, well t'Ziel, t'Wuelbefannen an der Schoul, net erreecht gëtt.

Ech géiff eng Modifikatioun um Dress Code proposéiren, wou een e bëssen méi Empathie weist an en NET just un Meedercher riicht. De weibleche Kierper soll an engem schoulechen Institut NET sexualiséiert ginn.

This petition had 1,139 supporters

The Decision Makers

Direktioun am LCD
Direktioun am LCD

Petition Updates

Share this petition

Petition created on September 19, 2020