Petitioun: Sécherheet vun eise Kanner um Schoulwee an der Gemeng Bous-Waldbredimus
Das Problem
Här Buergermeeschter, léif Memberen aus dem Schäfferot,
Den 13.10.2025 géint 07:45 Auer ass an der rue Rolling zu Ierpeldeng e Kand vun 9 Joer um Zebrasträife vun engem Auto ugestouss ginn. Dësen traueregen Tëschefall weist, datt d’Sécherheet um Schoulwee a generell op eisen Duerfstroossen net genuch garantéiert ass. Zënter Joren hunn Awunner aus der Gemeng Bous op dës Problemer higewisen. Mir erwaarden elo e kloert Positionnement an direkt Moossname vum Schäffen- a Gemengerot.
Fir esou Situatiounen an Zukunft z’evitéieren, proposéiere mir – jee no Plaz a Geforenlag – follgend Moossnamen:
• Aféierung/Erweiderung vun Tempo-30-Zonen op de relevante Strecken (besonnesch ronderëm Schoulen a Busarrêten).
•Verkéiersberouegungsinselen/Schikanen an Héichsetze vun Iwwergäng (plateau traversant).
• Verbessert Signalisatioun a Beliichtung bei Foussgänger-Iwwergäng an um Schoulwee.
• Reegelméisseg Kontrollen (Police/Gemeng) mat Geschwindegkeetskontrollen zu Spëtzenzäiten.
• Sécher Busarrêten a kloer markéiert, ofgeséchert Iwwergäng an der direkter Ëmgéigend.
• Patrouilleur scolaire bei den Busarrêten a virun den Schoulen
Mir bieden, datt déi néideg Schrëtt elo ageleet ginn, fir datt Kanner a Foussgänger sech erëm sécher op eise Stroossen – a besonnesch um Schoulwee – fille kënnen. Mir, als Elteren an Awunner, si bereet, aktiv u konkrete Léisunge matzeschaffen(z. B. an enger Aarbechtsgrupp).
Fir méi Transparenz géif sech eng Réunioun d’information et de Consultation fir all intresséierten Bierger ubidden.
Villmools Merci am Viraus fir Äert oppent Ouer an eng zäitno Äntwert mat engem kloren Handlungs- a Prioritéiteplang.
Mat beschte Gréiss,
Anna Marques, Mamm vun zwee Kanner, am Numm vun den Elteren aus der Gemeng
Kopie un: Commission de la circulation et du transport an Commission scolaire

288

Neuigkeiten zur Petition
Diese Petition teilen
Petition am 14. Oktober 2025 erstellt