E kloert Zeechen géint Sexismus: RTL Pin-up-Rubrik elo desaktivéieren!

Das Problem
Medien hunn en Afloss op Wäerter a Normen an eiser Gesellschaft. Sexistesch Inhalter droen dowéinst weesentlech zur Erhalung a Stäerkung vum ongläiche Status tescht de Geschlechter bäi. Och op rtl.lu ginn diskriminéirend Stereotypen reproduzéiert.
D'RTL Pin-Up Rubrik weist Fotoen vu Modelen, Alter, Moossen a Bildbeschreiwungen wéi z.B.: "Dem Oriana seng Kaddoen huet nach keen ausgepak!". Dës Rubrik ass sexistesch, degradéiert di fotograféiert Persounen zu Sex-Objeten a reproduzéiert en eesäitegt Bild vu Schéinheet, Weiblechkeet a Sexualitéit. Dat ass net akzeptabel.
RTL sollt seng Positioun als meescht frequentéierten Medienoptrëtt zu Lëtzebuerg notzen, fir zu engem positive Klima vu géigesäitegem Respekt an der Gesellschaft bäizedroen. De Pressekodex, an deem all Diskiminatioun opgrond vum Geschlecht veruerdeelt gëtt, muss eescht geholl ginn.
Dowéinst fuerdere mir vun RTL, d’Pin-Up – Rubrik op hierem Site ze desaktivéieren. Schluss mat sexisteschen Duerstellungen!

Petition geschlossen.
Jetzt die Petition teilen!
Die Entscheidungsträger*innen
Neuigkeiten zur Petition
Diese Petition teilen
Petition am 25. Februar 2016 erstellt